De Claude Turmes ass positiv op de Coronavirus getest ginn

De Minister fir Energie a Minister fir Landesplanung, Claude Turmes, huet haut um Mëttwoch e positiivt Resultat op e Covid-Test kritt, deen hien en Dënschden gemaach huet.

De Minister hat sech eng éischte Kéier e Freiden de 25. September teste gelooss, nodeems hie gewuer ginn ass, datt eng Persoun, mat där hien a längerem Kontakt war, sech mam Corona-Virus infizéiert huet. Dësen éischten Test war negativ ausgefall, mee de Claude Turmes huet sech direkt doheem an eng präventiv Quarantän beginn, sou wéi dat vun den Autoritéite virgesinn ass. Véier Deeg méi spéit ass den Test du positiv ausgefall. Well hien du schonn a Quarantän war, besteet der Santé no kee Risiko datt hien aner Persounen ugestach huet.

Dem Minister geet et am Moment gutt an en huet keng Symptomer. D’Isolatioun geet nach bis den 8. Oktober. „Ech wëll dovu profitéieren, fir den zoustännegen Autoritéiten an och dem Fleegepersonal Merci ze soen. Dank dem professionellen Encadrement an de präzise Recommandatioune kënnen hei zu Lëtzebuerg vill Infektiounskette séier ënnerbrach ginn“, sou de Claude Turmes.

Communiqué vum Ministère fir Energie a Landesplanung

Aktualiséiert