De Ministère

De Ministère fir Energie a Landesplanung ass an zwee Departementer ënnerdeelt, deenen hir Haaptmissiounen am groussherzoglechen Arrêté iwwert d'Constitutioun vun de Ministèren definéiert sinn.

Den Departement fir Energie koordinéiert d'Energiepolitik vum Land a verfollegt haaptsächlech d'Ziler fir eng nohalteg energetesch Versuergung sécherzestellen an eng sécher Versuergung a folgende Beräicher bäizebehalen an ze verstäerken:   

  • Stroum,
  • Äerdgas,
  • Fest a flësseg Brennstoffer,
  • Erneierbar Energien,
  • Energieeffizienz an Energiespuermesuren,
  • Europäesch Politik an international Relatiounen,
  • Promotioun vun den Aktivitéiten an den energeteschen Technologien,
  • Klima-Agence.

Den Departement fir Landesplanung iwwerwaacht d'Koordinatioun vun de kommunalen, interkommunalen, nationalen, grenziwwergräifenden an internationale Fachpolitiken, déi eng Auswierkung op d'Landesentwécklung hunn a mécht d'Observatioun an de Suivi vun der raimlecher Entwécklung. D'Landesplanungspolitik setzt sech zum Zil de Respekt vum ëffentlechen Interssi ze garantéieren, dat andeems se der Gesamtbevëlkerung optimal Liewenskonditioune séchert iwwert eng nohalteg Entwécklung vun allen Deeler vum nationalen Territoire. An dësem Kader suergt den Departement fir eng rationell Buedemnotzung a fir eng konzentresch a kohärent urbanistesch Entwécklung.

Déi eenzel Aktivitéitsberäicher vum Departement sinn deemno:

  • Raimlech Strategien,
  • Verbindlech Pläng,
  • Städtesch a regional Entwécklung,
  • Naturparken,
  • Grenziwwergräifend Landesplanung,
  • Europäesch territorial Zesummenaarbecht,
  • International Landesplanungspolitik.

Aktualiséiert