No der aussergewéinlecher Erhéijung vun de Gaspräisser opgrond vun der internationaler Situatioun, huet d'Regierung decidéiert d'Hausse vun de Gaspräisser fir déi privat Clienten op +15% am Verglach zum duerchschnëttlechen Gaspräisniveau am September 2022 ze begrenzen.
Dës Moossnam gëtt automatesch applizéiert, et muss keng Demarche duerchgefouert ginn. Si gëtt vum Oktober 2022 bis Dezember 2024 applizéiert. De Staat wäert och weiderhin d'Reseauskäschten bis Enn Dezember 2024 iwwerhuelen.
Fir nach méi Käschten ze spueren, besicht d'Websäit www.zesumme-spueren.lu wou Dir iwwer verschidde Méiglechkeeten informéiert gitt, déi Iech hëllefen Äre Gasverbrauch weider ze reduzéieren.
FAQ
1. Wéi laang gëllt dës Moossnam ?
D'Moossnam gëtt applizéiert vun Oktober 2022 bis Dezember 2024.
2. Wat ass de finanziellen Impakt vun der Moossnam fir mech?
Duerch de staatleche Bäitrag gëtt d'Hausse vun de Gaspräisser op +15% am Verglach zum duerchschnëttleche Gaspräisniveau am September 2022 limitéiert. De finanziellen Impakt hänkt virun allem vun Ärem perséinleche Verbrauch of.
3. Zu wéi engem Zäitpunkt profitéieren ech vun dem finanzielle Virdeel? Huet dës Moossnam en Impakt op meng Avancen?
Dat hänkt vum Kontrakt mat Ärem Gasfournisseur of. An deene meeschte Fäll ginn d'Avancen all Mount oder all 2 Méint berechent an d'Fournisseure berécksiichtegen automatesch de finanzielle Virdeel an hirer Ofrechnung. Dir fannt Erklärungen iwwert den Impakt vun dëser Moossnam an Ärer Joresofrechnung. Och wann dëst net direkt fir Iech ersiichtlech ass, profitéiert Dir vun der dëser Moossnam vum 1. Oktober 2022 un.
4. Ech benotze Flësseggas fir ze Hëtzen, gëtt et eng Subventioun?
Jo, all Informatiounen dozou fannt Dir hei.