Interview mam Claude Turmes an der Stëmm vun der Strooss

"Interview mam Energieminister Claude Turmes"

Interview: Stëmm vun der Strooss (Zeckie)

Stëmm vun der Strooss: Wouhier bezitt Lëtzebuerg seng Energie a wat kascht dat alles?

Claude Turmes: Mir hunn Diesel, Bensinn a Pëtrol. Deen importéiere mir zu 100 Prozent. Dee kennt deelweis aus Saudiarabien oder och aus Russland. De Gas importéiere mir och, dee kennt iwwert d'Belsch aus der Nordséi. An de flëssege Gas kréie mir deelweis aus Algerien an och aus Katar. An dann de Stroum, dee kréie mir zum gréissten Deel iwwer Däitschland. Beim Stroum ass et och esou, datt dëst déi eenzeg Energieform ass, wou mir och hei zu Lëtzebuerg eng gewësse Produktioun hunn. Mir produzéieren tëschent 10 a 15 Prozent vun eisem Stroum hei zu Lëtzebuerg duerch Solarenergie, Wandenergie an och nach duerch e bësse Gas. Stroum ass dee Beräich, wou mir am mannsten ofhängeg si vun den Importer.

Stëmm vun der Strooss: Atomkraaftwierker, Kuelekraaftwierker, Gas, an Ueleg sinn Auslafmodeller. Wat fir Projete si fir d'Zukunft virgesinn, fir propper Energie ze schafen?

Claude Turmes: Déi beschten Energie ass déi Energie, déi ee spuert. Dat heescht, wann ech aus engem Gebai erausginn an ech maachen d'Luuchten all aus, oder wann ech amplaz de Lift ze huelen d'Trappen eropginn, oder wann ech zum Beispill e Frigo kafen, datt ech ee kafen, deen och manner Stroum verbraucht. An dann och Haiser isoléieren, datt se och manner Wäermt ofginn, dat ass eigentlech déi beschten Aart a Weis, Energie ze spueren. An alles, wat mir net kennen aspueren, wäerte mir an Zukunft duerch erneierbar Energie produzéieren. Dat ass dann op der enger Säit duerch Solarenergie. Hei zu Lëtzebuerg maache mir dat zum Beispill op den eenzelen Haiser. Mir maachen dat och mat de Bierger. Mir maache Cooperativen zesumme mat de Gemengen, zum Beispill eng Gemeng stellt ons hiren Daach vun der Schoul oder vum Service technique zur Verfügung an d'Bierger vun der Gemeng investéieren an déi Solaranlag. Awer och Baueren investéieren a Solar, grad ewéi grouss Firmen, esou wéi viru kuerzem hu mir op engem Weier zu Déifferdeng vun Arcelor Mittal eng grouss Solaranlag, déi op dem Weier schwemmt, ageweit. An dann natierlech op der anerer Säit och mat Hëllef vu Wandmillen, déi gesitt der jo, wann der iwwer Land fuert. Déi neiste Modeller vu Wandmille produzéieren esou vill Stroum, datt een der vill manner brauch, fir awer vill Stroum ze produzéieren.

Stëmm vun der Strooss: Wéini soll Lëtzebuerg emissiounsfräi sinn?

Claude Turmes: Wa mir vun der Urgence climatique ausginn, dann am léifste muer. Mee mir sinn e Land, dat leider ganz vill Klimagasen ausstéisst, mir maache Pneuen, bei Dupont maache mir Chimie, mir hu ganz vill wirtschaftlech Aktivitéiten, an dofir ass eist Zil, fir op Null ze kommen, sou séier wie méiglech.

Stëmm vun der Strooss: Wéi sollen déi finanziell schwaach Leit déi sëllege Präiserhéijunge finanzéiert kréien?

Claude Turmes: Et ass esou, mir si jo grad an engem Moment, wou d'Energiepräisser héich sinn. A wat mir als Regierung decidéiert hunn, dat sinn zwou Saachen. Dat éischt ass, datt mir d'Allocation de vVie chère eropgesat hunn, dat ass ee Mindestbetrag vun 200 Euro, mee wann een zu dräi oder véier an engem Haushalt ass, da kennen dat och 350-400 Euro sinn. A mir halen d'Präisser, déi mir fir de Gas bezuele mussen, am A a mussen da kucken, ob dat gutt genuch ass, wat mir do decidéiert hunn. Déi zweet Saach, déi mir decidéiert hunn, ass datt keen am Wanter kal setzt, wann en eng Rechnung net konnt bezuelen. Mir hunn Diskussioune mat de Gasliwweranten hei zu Lëtzebuerg geféiert, fir ze kucken, wann elo mol eng Kéier een an Nout wier an net kéint bezuelen, datt dat iwwer den Office social kéint ofgedeckt ginn, fir datt mer sécher sinn, datt keen de Gaskrunn soll zougedréint kréien, well d'Leit soss am Kale setzen, an dat wëlle mir net.

Stëmm vun der Strooss: Et gëtt vill vun Elektroautoe geschwat, ass Lëtzebuerg op e staarken Zouwuess vun Elektroautoen ageriicht, wat d'Infrastruktur ugeet?

Claude Turmes: Mir sinn am Moment Nummer zwee an Europa, hannert Holland. Holland huet nach e bësse méi elektresch Bornen am ëffentleche Raum ewéi hei zu Lëtzebuerg. Et ass awer esou, datt mer elo en neie Programm decidéiert hunn an dat sinn "SuperChargyen". Dat si Bornen, déi Autoen an och Camionnette méi séier oplueden. Där wäerte mir der 88 am ganze Land maachen, am Norden, Westen, Osten, Süden, esou datt iwwerall am ganze Land SuperChargye sinn. A mir hu grad annoncéiert, datt mir de Betriber, Supermarchéen an Tankstellen an deenen nächste puer Méint e Subventiounsprogramm ubidde wäerten, fir datt déi och kennen an déi Infrastruktur investéieren. Mir ginn haut och scho Subsiden, wann een eng Wallbox bei sech doheem well opriichten, fir den Auto ze lueden. Et ass kloer, wann ech well, datt méi Leit elektresch Autoe solle kafen, ass et eis Aufgab als Politiker, datt mir genuch Bornen iwwer d'ganzt Land hunn, fir eis Autoen ze lueden.

Stëmm vun der Strooss: Wann d'Elektromobilitéit sech entwéckelt, wéi sech dat virgestallt gëtt, wéi kompenséiert Dir dann den Defizit, deen doduerch entsteet, datt manner Diesel a Bensinn getankt gëtt?

Claude Turmes: Also et ass esou, mir hunn eppes méi wéi 400.000 Autoen am Land, mir hu jo och dausende vu Camionen, déi all Dag hei tanken. Dat, wat mir decidéiert hunn, dat ass, datt mir mat eisen CO2-Emissiounen em 55 Prozent erofginn tëscht elo an 2030, an datt mir dann natierlech och manner Bensinn an Diesel wëlle verkafen, fir datt mir eis Trajectoire kennen anhalen. Dat sinn e puer Millioune vun Einnamen, déi mir d'Joer verléieren, et ass awer éischter an engem zweestellege Beräich, also tëscht 20 a 40 Milliounen, an dat bei engem Budget vun 20 Milliarden. Et ass jo esou, och wa mir Elektromobilitéit fërderen, ass et jo net, datt et am Joer 2022 nëmmen nach Elektroautoe géife ginn, dat ass en Iwwergang, deen dauere wäert bis ongeféier 2035-2040 an vun do hier kann een d'Staatsfinanzen dann no an no dono ausriichten.

Stëmm vun der Strooss: Wat geschitt mat dem Kobalt, deen an de Batterien dran ass?

Claude Turmes: Et huet een haut an de Batterie vun Elektroautoe Lithium-Kobalt Batterien, de Kobalt gëtt et virun allem an engem Land, an dat ass am Kongo an Afrika. Vun alle Minnen, déi et gëtt, wou Kobalt dran ass, ginn et 6-8 Prozent Minnen, déi illegal sinn, déi vun der Miliz oder vun der Mafia kontrolléiert ginn, an an deenen illegale Minnen kann et sinn, datt do Kanneraarbecht ass, an dat wëlle mir net. Mir hunn elo wéineg Afloss, wat am Kongo leeft an ob do eng Miliz ass oder net. Mee wourop mir Afloss hunn ass, wann en Autoshiersteller an Europa en Elektroauto verkeeft, da muss deen noweisen, datt de Kobalt aus enger legaler Minn kennt, an dofir muss en och Certificaten hunn. Dat ass en europäescht Gesetz, wat elo amgaang ass, verhandelt ze ginn. Dat heescht, am September huet d'Europäesch Kommissioun dat virgeschloen, dat ass dat esou genannt neit Batterie-Gesetz. An deem Gesetz geet et dann dorëm, all Batterie déi an engem Elektroauto oder Auto an Europa ass, muss noweisen, vu wou de Lithium an de Kobalt hierkënnt fir eeben do auszeschléissen, datt mir do Kanneraarbecht hunn. Dat zweet ass, all déi Batterie mussen zu 100 Prozent recyclabel sinn, dat heescht, déi Batterië mussen esou gebaut sinn, datt een déi ganz Stécker kann auserneenhuelen, an déi cheemesch Substanze mussen och esou dra sinn, datt een déi spéider erém ka verwäerten. Dat war déi zweet Hausaufgab bei der Elektromobilitéit. An déi drëtt Hausaufgab war, datt mir vill verschidden an och manner deier Elektroautoe géife vun den Hiersteller kréien. Deelweis ass dat haut schonn de Fall - en europäescht Gesetz zwéngt zum Beispill d'Hiersteller, hir CO2 Emissiounen ze reduzéieren, an dat bréngen se eigentlech just fäerdeg, wann se klimafrëndlech Autoen an de Verkaf bréngen — mee och d'Occasiounselektroautoen, déi lo op de Marché kommen, wäerten hëllefen, d'Präisser ze drécken. D'Prioritéit bleift awer den Ausbau vum ëffentlechen Transport, dee jo eng Moossnam ass, dee virun allem de Leit mat manner Akommes zegutt kennt. Déi dräi Hausaufgaben hu mir elo gemaach, Bornen, Batterien, an eeben och eng Villfalt vun Angeboter, an dofir mengen ech, datt mer elo do gutt opgestallt sinn an datt mer ewechkomme vu fossillen, klimaschiedlechen Autoen an eriwwer op elektresch Autoen.

Aktualiséiert